Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Journées de sensibilisation 2023 : Thema Littering

Als Iddi entstaan bei der Assise climatique 2022 zu Schengen, huet d’Gemeng weiderféierend am Kader vum Klima an Naturpakt d’Journées de sensibilisation an de Schoulen zum Thema Litteringorgniséiert wou sämtlech Kanner aus den 3 Schoule bei engem Molconcours matgemaach. Mir soen hinnen an den Enseignanten e grousse Merci fir hier wonnerbar flott Aarbechten.

D’Klimateam Schengen huet aus all Cycle ee Gewënner erausgesicht, an d’Gewënnerplakater sin an A1 Format als Panneau ronderëm Gemeng opgestallt gin, wéi zB op der Spillplaz Maus Ketti.

Desweideren waren an desem Kontext Elwenger Schoulkanner zu Rëmerschen ënnerwee fir eng grouss Oprafaktioun.

Zesumme mat der Erliefnis Baggerweier asbl an der Ënnerstëtzung vun Pickitup, stung fir 120 Kanner haut eng flott inklusiv Aktivitéit um Programm.
No der Aarbecht, gouf et nach en Zero-waste Barbecue um Carpodrom offréiert vun der Gemeng Schengen.

 

                 

Back to top
Skip to content