Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Gielt Band géint Liewensmëttel-verschwendung!

An eiser Gemeng ginn et eng ganz Rëtsch Uebstbeem a Sträich, déi net gelies ginn a vun deenen d’Uebst um Enn iwwerzeideg op de Buedem fält a futti geet. Och d’Gemeng huet Bongerten duerch d’Uertschaften. Déi Beem ginn elo no an no mat engem giele Bändche markéiert a weisen esou: Dëst Uebst ka vu jidderengem gepléckt a matgeholl ginn.

Esou versiche mir géint Liewenmëttelverschwendung virzegoen.

Markéiert Beem fannt Dir z.B. hei:

  • Bierenallee zu Elweng
  • Bongert zu Elweng (Rue Nicolas Brucher)
  • Bongert ënnert der Schoul zu Riemeschen (Bréicherwee)

Bei eisen däitschen Noperen huet d’Aktioun scho lescht Joer Uklang fonnt.

Wann Dir e Bam oder Strauch op Ärem Terrain stoen hutt, wou Leit vu baussen Zougrëff drop hunn an Dir wëllt Äert Uebst net einfach verfaule loossen, da stréckt einfach e gielt Bändchen ëm de Bam. Op der Gemeng stelle mir Iech och gäre giel Bännercher zur Verfügung.

Maacht mat an hëlleft Uebst ze retten!

Back to top