
D’Installatioun vun de Module vun de Photovoltaikanlag um neie Gebai vum technesche Service zu Schwéidsbeng ass ofgeschloss. Déi nächst Etapp ass den elektreschen Uschloss an da kann d’Anlag mat enger Leeschtung vun 30kWp geschwënn a Betrib geholl ginn. De produzéierte Stroum wäert selwer am Gebai genotzt ginn an den Iwwerschoss an d’Stroumnetz agespeist ginn
Dëse Projet ass och am Kader vum Klimapakt wichteg fir den CO2 Verbrauch vun de Gemengegebaier ze reduzéieren 🌱