Undenken un den Ben Homan

Mat déifster Trauer hu mir haut de Mueren d’Noriicht erhal vum all ze fréien Doud vun eisem Éierebuergermeeschter, dem
Här Ben HOMAN
Eirebuergermeeschter vun der Gemeng Schengen
Conseiller vun der fréirer Gemeng Boermereng vum 1.1.1994 – 06.07.1997
Schäffen vun der fréirer Gemeng Boermereng vum 06.07.1997 – 31.12.2005
Buergermeeschter vun der fréirer Gemeng Boermerengvum 01.01.2006 – 27.10.2011
Eischte Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Schengen vun 28.10.2011 bis 27.10.2017
Wärend sengen Amtszäiten als Conseiller a Schäffen, a sengen 12 Joer als Buergermeeschter huet de Ben en onermiddlechen Asaz fir déi fréier Gemeng Boermereng an déi nei Fusiounsgemeng Schengen a hir Awunner gewisen.
Am Interessi vun de Bierger huet hien alles drun gesat fir d’Gemeng un d’Erausfuerderunge vun der Zukunft virzebereeden an se sou zu enger staarker a moderner Gemeng ze maachen. Mat vill Kompetenz a Sachverstand huet hien als éischte Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Schengen, Geschécker vun der neier Gemeng geleet an d’Fusioun sou op déi richteg Bunn bruecht.
Och wëlle mir déi Zäit net vergiessen déi de Ben als Enseignant an de Schoule vun der Gemeng verbruecht huet a säi Wëssen un Kanner weider ginn huet.
Mat him verléiere mir awer net nëmmen e Politiker deen d’Entwécklung hei am Dräilännereck nohalteg gepräägt huet, mee och e ganz gudde Frënd.
Senger Famill an all deenen déi him no gestanen hunn drécke mir eis opriichtegt Bäileed aus.
Äddi Ben. Mir vergiessen dech net.
De Schäffen- a Gemengerot, sou wéi d‘Personal an d‘Léierpersonal vun der Gemeng Schengen