Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Waasserspender an der Gemeng

Als Gemeng versiche mir esou gutt et geet eisen ökologesche Foussofdrock esou kleng wéi méiglech ze halen. E weidere Schratt an déi richteg Richtung maache mir elo mat der Installatioun vun eise Waasserspender déi iech et och nach erméiglechen dat frëschst a beschte Waasser ze zapen!

Op dëse Plaze fannt dir aktuell scho Spenderen:

  • Gemeng Riemeschen
  • Gemengenatelier Boermereng
  • Service des Eaux
  • Schoul zu Riemeschen
  • Schoul zu Elweng
  • Schoul/Sportshal zu Bech-Maacher
  • Sportshal zu Elweng
  • Sportshal zu Riemeschen
  • Vestiairen um Fussballterrain zu Riemeschen

Fir d’nächst Joer sinn och schonn e puer weider Stéck geplangt:

  • Kraidergaart zu Schengen
  • Verschidde Spillplazen an der Gemeng
Back to top