Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Vandalismus an der Gemeng

A leschter Zäit hu mir leider immens vill Fäll vu Vandalismus an eiser Gemeng. Virun allem bei de Spillplazen a bei de Schoule gi vill Saache futti gemaach oder verréckelt… Woch fir Woch mussen eis Aarbechter raumen a flécken.

Hei nëmmen e puer Beispiller vun der leschter Woch:

  • Sëtzgarniture goufe verréckelt an ënnert Klunsche gesat (dës Woch zu Bech-Maacher)
  • Et gëtt Knascht gemaach a leie gelooss
  • Op der Spillplaz uewen am Haff zu Bech-Maacher louch e Kürbis dee komplett futti geschloe war
  • E Poller ass zu Bech-Maacher an d’Pergola gehaange ginn
  • Zu Elweng stoung eng Schubbkar ënnert engem Spill mat lauter Knascht donieft
  • Zu Elweng si sämtlech nei Spillplazenschëlder (virun 2 Wochen opgehaange ginn) gediebelt ginn
  • Zu Elweng an der Rue Pierre Diederech gi reegelméisseg Stroosseschëlder ëmgedréit (dës Woch zB. déi am Rond-Point)
  • Bei der Crèche zu Wëntreng an och am Brekelter huet ee Miel ronderëm gehäit. D’Bänken, d’Drecksbacken, a Co si voll
  • Zu Riemeschen bei der Schoul op der gespaarter Spillplaz leie Schierbele vu Fläschen

All eenzelne Virfall ass mëttlerweil bei der Police gemellt an d’Plainte si gemaach. Sollt Dir eppes matkritt hunn oder an Zukunft matkréien, da mellt Iech w.e.g. esou séier wéi méiglech bei eis, entweder per Mail (secretariat@schengen.lu) oder per Telefon: 23 66 40 28.

Merci fir Är Mathëllef.

Back to top