Télévie ❤️
D’Gemeng Schengen ënnerstëtzt déi 2 Centres de Promesse vu Feelen a Biissen mat engem Don vu jeeweils ronn €13’000, wat dem Rescht vun de Spenden déi am Kader vun eisem Télévie-Zenter 2025 gesammelt goufen entsprécht.
Mir soen nach eng Kéier jidderengem e ganz grousse Merci fir d’Ënnerstëtzung, d’Hëllef an d’Spenden a mir wënschen de Centres de Promesse 2026 e flotten an erfollegräichen Dag am Kampf géint de Kriibs.
