Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Repair-Café 11.02.2023

Den éischte Repair-Café an der Gemeng Schengen war gutt besicht. Vum Staubsauger, Dampstréckeisen, Spektiv bis zum Kopfhörer, Printer, Vëlo, Luucht, Computeren, Kaffismaschinn war vun allem eppes dobäi. Deelweis konnt vill gefleckt gi resp. besuergen d’Leit Ersatzdeeler fir dat hir Apparater déi nächste Kéier gefléckt kënne ginn.

Souwuel fir den Accueil wéi och fir all dës Apparater ze flecke war de Knowhow vun eisen 8 Repairer do. Ënnerstëtzt goufen si vum CELL dee beim 1te Repair-Café dobäi war. Donen déi vun de 15 Clientë gespent  goufen, ginn investéiert a neit Material. Fir de sozialen Encadrement de Kaffi,Croissant a Kuch huet de Fairtradegrupp gesuergt.

De Sall an dat anert Gedrénks huet d’Gemeng zur Verfügung gestallt.

Back to top
Skip to content