Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Poubelle bestellen

Vum 1. Januar 2021 u ginn et verschidden Ännerunge wat d‘Kollekt vum Offall ugeet:

  • Méindeg: Haus- a Biooffall (All Woch)
  • Dënschdeg:  Valorlux (All 2 Wochen) a Grünschnitt (All 2 Woche vu Mäerz bis Oktober)
  • Freideg: Pabeier (All 2 Wochen a Glas (1 Mol am Mount)

Déi genee Datumer vun de Kollekte fannt Dir wéi gewinnt an eisem Kalenner.

Neierunge beim Recycling: Vum 1. Januar 2021 u kënnt Dir eng gréng (Glas) an/oder eng blo (Pabeier) Poubelle bei der Gemeng kafen. D‘Gréissten an d‘Präisser fannt Dir um Formular. D‘Bestellung vun esou enger Poubelle ass fräiwëlleg. Selbstverständlech gi weiderhin Är Backen, rsp. Kierf o.Ä. wärend der Kollekt mat eidel gemaach.

Liwwerung vun de Poubelle verspéit sech!

Opgrond vun der héijer Nofro, sinn déi brong, blo a gréng Poubellë momentan ausverkaaft a kënnen allerspéitstens an der zweeter Hallschent vum Februar nees ausgeliwwert ginn.
Merci fir Äert Versteesdemech.

Gemengekalenner 2021
Back to top