Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Naturaktivitéiten an eiser Regioun – Déi nei Broschür vu SIAS ass do.

« Mir si frou, dass eis Broschür all Joer méi deck gëtt, an dass mir Iech fir 2022 erëm eng ganz Rei verschidden Aktivitéiten an der Natur presentéiere kënnen. Mir hoffen natierlech, dass sech déi sanitär Lag am Joer 2022 weider verbessert, an dass mir eis Aktivitéite rëm wéi gewinnt an ouni grouss
Aschränkungen duerchféiere kënnen.

D‘Aktivitéite gi vu verschiddenen Acteuren an der Regioun ugebueden a vun dëse verwalt, de jeeweilege Kontakt fannt Dir bei den eenzele Veranstaltungen. Hei kritt Dir och Detailer zu deene jeeweilege sanitäre Moossnamen.

VILL SPAASS BEI DE VERANSTALTUNGEN A BEI DE VILLEN FLOTTE GEMEINSAMEN AKTIVITÉITEN! »

Lued iech hei déi aktuell Versioun erof!
Back to top