Actualité

Saisonal Informatiounen

Eichenprozessionsspinner:

Wéi all Joer gëllt och elo nees d'Warnung virum Eichenprozessionsspinner. Sollt Dir en Nascht op enger ëffentlecher Plaz gesinn, da mellt Iech w.e.g. bei der Gemeng. Wann Dir en Nascht op Ärem privaten Terrain fannt, da mellt Iech w.e.g. direkt bei enger Firma, déi dofir zoustänneg ass.

Weider Informatioune fannt Dir hei!

Riesenbärenklau:

150417-nabu-herkulesstaude-helge-may2.jpeg​Opgepasst virum Risenbärenklau!

Wann Dir dës Planz op engem ëffentlechen Terrain gesitt, da mellt Iech w.e.g. direkt bei der Gemeng.

Weider Infoe fannt Dir hei!

 

Zecken:

Gefahr durch Zecken steigt: Neue FSME-Risikogebiete in Deutschland ...


D'Wiederbedéngungen suergen dofir, dass et den Ament nees relativ vill Zécken ginn.

Wéi schützen ech mech am beschten, wat sinn d'Risiken a wat maachen ech wann ech eng Zeck erwëscht hunn. D’Informatiounen dozoufannt Dir hei!

 

Harespelennäschter:

Warum es in diesem Jahr besonders viele Wespen gibt - [GEO]​Mir wëllen op dëser Plaz informéieren, dass sech weder d'Gemeng nach de CGDIS drëms bekëmmert fir Harespelennäschter ewech ze maachen.

Mellt Iech dofir w.e.g. bei enger spezialiséierter Firma.

Fir d'Käschte muss een als Privatpersoun selwer opkommen.

 

Hondstuten:

Stuttgart: Tüten gegen Tretminen: Städte suchen Paten für ...​Denkt w.e.g. Är Hondstuten ënnerwee an eng Dreckskëscht oder doheem ze geheien an Är Tut net einfach op de Wee oder an enger Wiss leien ze loosse wéi et dacks leider nach ëmmer de Fall ass.

D'Gemeng seet Iech Merci.