Évènement

Parkour Camp

Date de création
-
Catégorie
Riemeschen - Sportshal
Organisateur
Sportskommissioun + Kaizen
Téléphone

​Lafen, sprangen, kloteren,... Ouni laang Ëmweeër a mat de Fäegkeete vu Punkt A op Punkt B ze kommen an d‘Hindernisser op deem Wee ze iwwerwannen. Parkour ass eng Sportaart fir jiddereen: Egal op eleng oder am Grupp, jonk oder al. Dat ass wat „Parkour“ ausmécht.
D’Sportskommissioun vun der Gemeng Schengen organiséiert mat den Traceure Schaeffer Mika, Glod Carlo an Holbrechts David vun der Kaizen Parkour Academy (CGRemich), vum 29. Juli bis den 13. September ee Parkour Camp* fir jidderee vun 10 Joer un!


Wéini: Méindes, mëttwochs a freides
Vun 10-12h (Ufänger), vu 14-16h (Avancéiert) a vu 16-18h (Fräitraining**)
Wou: Sportshal zu Riemeschen

Präisser:

  • 1 Ticket 12€
  • 6 Ticketen 65€
  • 12 Ticketen 110€
  • All Training 250€ 1 Ticket = 1 Training (2 Stonnen)

Méi Infoen: https://cgremich.eu/kaizen-summercamp/

Umeldungen: https://cgremich.eu/umeldung-summercamp/

E-mail: parkour@cgremich.eu