Actualité

Opgepasst op den Eichenprozessionsspinner!

Den Eichenprozessionsspinner ass nees op verschiddene Plazen an der Gemeng. Opgepasst!

  • D'Raupe sinn zu Bech-Maacher bei der Schoul,
  • zu Bech-Maacher beim Centre Albach,
  • zu Schwéidsbeng bei der Tennisplaz an
  • un de Beem zu Elweng laanscht d'Autobunn

Passt dofir w.e.g. op wann Dir do ënnerwee sidd well d'Raup ass fir Mënsch an Déier geféierlech.

D'Raupe ginn esou séier wéi méiglech vun externe Firmen ewech gemaach.

Wat genee den Eichenprozessionspinner dann elo sou gëfteg mécht, kënnt Dir hei noliesen!

doc01059120190529104851 (00000002).jpg

Wat kann ee maachen?

Wann Dir dës Raupe soss iergendwou an der Gemeng gesitt, rufft w.e.g. bei der Gemeng un um Telefon 23 66 40 28.