Actualité

Molconcours fir d'Schüler aus der Gemeng

D'Gemeng Schengen rifft an dëser aktueller Situatioun dozou op beim grousse Molconcours fir all d’Schüler vun deenen 3 Schoule matzemaachen!

De Motto vum Molconcours ass:
“Op wat freeën ech mech am meeschten, no der Zäit vum Coronavirus”.
Der Fantasie vun de Kanner si keng Grenze gesat.

D’Reegele vum Concours sinn och ganz einfach:
Gemoolt gi kann op all méiglecht Material a Format (minimum DIN A4) an och d’Wiel vun de Faarwen ass egal.
 
Hannen op d’Récksäit vum Bild soll stoen kommen:
- Numm an Virnumm vum Kand
- Klass, Numm vum Enseignant an d'Schoul

D’Kanner sollen hiert Bild bei hirem Enseignant ofgi wann d’Schoul nees ugeet.
 
Eng Jury wäert déi schéinste Biller auswielen an d’Gewënner ermëttelen.
Pro Cycle 2-4 a pro Schoul gëtt dat schéinste Bild mat enger Klassefriess an engem lokale Restaurant belount.
Fir den Cycle 1 vun all Schoul gëtt dat schéinste Bild mat engem Pizzaiessen an der Schoul belount (Pizzae ginn och do selbstverständlech vu lokale Restaurante geliwwert).
All Kand kritt awer och e klenge Kaddo.

Sämtlech Konschtwierker sollen dann och an enger grousser Ausstellung an engem Gemengesall dem Grand public gewisen ginn.

Mir freeën ons elo schonn op vill flott Biller!