Actualité

Masken aus Stoff Made By D’Vitrin

D’Vitrin muss leider bis op Weideres hir Dieren zouloossen. Dofir verkafe mir selwer gebitzte Masken aus Stoff aus de verschiddenste Faarwen.

Mir verkafen dës Masken am Pak vu 5 Stéck, zu engem Präis vu 25 Euro.

Dir kënnt Är Commande per Mail op remich@birk.lu maachen.

D’Maske kënnen am Kanton Réimech geliwwert ginn (selbstverständlech ouni Kontakt) oder per Post verschéckt ginn.

Bleift all gesond a gitt just aus dem Haus mat enger Mask, am beschte Fall mat enger selwer gebitzter aus der Vitrin déi ganz einfach ka gewäsch ginn. 

Mir freeën eis schonn op Är Commande.