Évènement

Journée de la Commémoration

Date de création
-
Catégorie
Bei der Kierch zu Riemeschen
Organisateur
Gemeng Schengen
Téléphone

​De Gemengerot vu Schengen an d’Amicale des Enrôlés de Force 1940-1945, Victimes du Nazisme, Sektioun Gemeng Schengen, invitéieren all Awunner, Veräiner, Autoritéiten a Beamte vun der Gemeng Schengen op d’Zeremonie vum nationale Commemoratiounsdag als Erënnerung un de Widderstand vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Besatzung 1940-1945.  

Samschdes, den 12. Oktober 2019 um 17 Auer zu Riemeschen an der Kierch

Programm:
17 Auer:

  • Feierlech Mass verbonne mat der Gedenkfeier fir d’Affer vum Krich
  • Den Här Paschtouer seent d’Monument
  • D’Amicale des Enrôlés de Force an d’Gemengenautoritéite leeë
  • Blummen nidder
  • “Sonnerie aux Morts”

18 Auer:

  • Usprooch vum President vun der Amicale des Enrôlés de Force an der Valentiny Foundation
  • Usprooch vum Buergermeeschter
  • “Ons Heemecht” an Éierewäin