Actualité

Eventbus "Rammstein"

Profitéiert vun der Navette vun der Gemeng Schengen fir op de Rammstein Concert ze fueren!*

D'Navette (klickt hei fir den Horaire) féiert Iech bis op de Bouillon, wou Dir da mat Navette vum Atelier (klickt hei fir Iech bis de 15. Juli (!!!) unzemellen) bis op de Site vum Concert geféiert gitt.

Mellt Iech w.e.g. am Virfeld fir d'Navette Schengen per E-Mail un: michelle.bingen@schengen.lu!


*Wéi et vum Atelier heescht dierf aus organisatoreschen, logisteschen a rechtlechen Ursaachen KEE Bus vun auswäerts direkt op de Site, mä muss eng Ulafstell, an dësem Fall de Parking Bouillon, ufueren.