Évènement

Europadag 2019

Date de création
-
Catégorie
Schengen - Ënnert de Lannen
Organisateur
Regierung zesumme mat der Gemeng Schengen an der Schengen asbl
Téléphone

Den Donneschdeg, 9. Mee gëtt et zu Schengen beim Europa-Musée e gratis Aperitif an e gratis Concert.

Mat där Aktioun vun 11 bis 14 Auer gëtt den Europadag gefeiert, deen dëst Joer fir d'éischte Kéier e Feierdag zu Lëtzebuerg ass.

Fir Jazz-Musek suergt tëscht 11 an 13 Auer den Ensembel Maxime Bender, Greg Lamy, Laurent Payfert a Jeff Herr.

Fir d'Kanner gëtt et e Sprangschlass an et gëtt Visitte vum Europa-Musée.

Och Foodtrucke sinn op der Plaz, den Aperitif gëtt vun der Regierung offréiert (Cremant, Béier, Waasser a Softdrinks)

Vu Riemeschen aus fueren Navetten. Den Arrêt ass beim Parking Baggerweier (Kees 2) vis-à-vis vun der Autosgarage.

(Textquell: RTL.lu)