Actualité

Coupe Scolaire 2019

Et ass nees d'Zäit vun de Coupe Scolairen an de Gemengen. Bei eis zu Schengen huet d'Schoul Riemeschen haut um 7. Juni den Ufank gemaach. Fir all Kand gouf et wéi och schonn d'lescht Joer en Trikot mam Numm drop an eng Medail. D'Plaz 1, 2 an 3 dierfen sech ëmmer op ee flotte Pokal freeën.

Hei gouf et direkt 2x eng 2. Plaz ze verginn! Gratulatioun u jiddereen dee matgemaach huet a virun allem un d'Gewënner!


Den Donneschdeg, 13. Juni, war et dunn un de Schoulkanner vun Elweng, déi mëttes hire Präis iwwerreecht kritt hunn. 

PAG_5664.jpg 

Den 20. Juni war et dunn och un de Kanner vu Bech-Maacher:

PAG_5699.JPG