>>> Avis officiel an de Verhaalenskodex <<<
Ech verstinn dass:
- de COVID-19 geféierlech ass,
- d‘Infektiounskurve méiglechst flaach muss gehale gi fir eisem Gesondheetssystem genuch Zäit ze gi fir all Infizéiert ze versuergen an ze heelen,
- ech kann Träger vum Virus sinn ouni Symptomer ze hunn an ouni, dass den Virus bei mir ausbrécht,
- eng sozial Isolatioun déi effizientst Moossnam ass fir eng Pandemie anzedämmen,
- d‘Infektiounsraten am beschten ze senken ass, andeems ech Kontakter vermeiden och wann ech mech gutt fillen a keng Symptomer hunn a kenger Risikogruppen ugehéieren.
Dofir wäert ech bis d‘Pandemie oofgeklongen ass:
- Kontakter zu Leit ausserhalb vu mengem direkten Haushalt ob ee Minimum reduzéieren,
- Kontakter zu Risikogruppen (Häerzkranker, Longekrankheet, Diabetiker, Kriibserkrankung, krank Leit, a Matmënschen iwwert 65 Joer) komplett physesch meide fir se ze schützen,
- U kenge Manifestatiounen an onnéidege Versammlungen deelhuelen,
- Meetinge per Telefon, Mail oder Videochat ofhalen,
- Bei onëmgänglechen Zesummekommen ee Sécherheetsofstand vu mindestens 2 Meter anhalen,
- Kierperkontakt evitéieren, a reegelméisseg meng Hänn wäschen, speziell no Kontakt mat ëffentlechen Géigestänn,
- Reegelméisseg mäin Handy an Telefon botzen an net einfach deelen,
- Mat Opklärung vis à vis vun mengen Matbierger dozou bäizedroen, dass den Probleem verstanen gëtt an erklären, dass keen Grond besteet an Panik ze Do- bäi wäert ech empathesch an respektvoll mat mengen Matmënschen hiren Aengscht an Erfarungen ëmgoen,
- Keng ongepréiften Neiegkeeten oder Rumeuren verbreeden déi zu Panik kennen féieren,
- Mengen Noperen oder soss Risikogruppen hëllefen wann se meng Hëllef brauchen mat der néideger Distanz fir si net ze gefäerden,
- Op eist gutt Waasser aus der Gemeng Schengen zréckgräifen,
- d‘Fangere richteg a mat Seef wäschen (op mannst 30 Sekonnen).
Mat dësen perséinlechen Aschränkungen iwwerhuelen ech meng perséinlech Verantwortung an droen dozou bei:
- den Risiko selwer Träger an Verbreeder vum Virus ze sinn ze miniméieren,
- d‘Verbreedung vum Virus anzeschränken,
- méiglechst wéineg Leit unzestiechen,
- de Gesondheetssystem an d‘Spideeler ze entlaaschten.