Actualité

Aktioun um Europadag: Fir en Europa mat oppene Grenzen

Am Kader vum Europadag, den 9. Mee hunn d'Gemengen sech solidaresch gewisen an zesummen e staarke Message un all d'Memberstaate vun der Europäescher Unioun gemaach. Dëst mat enger Aktioun, bei där den Europafändel an de Gemengen am Virfeld op Hallefmast gesat gi war an iwwerall am Land, den 9. Mee um 11 Auer nees no uewe gezu gouf.

De Kardinol Hollerich huet éier de Fändel eropgezu ginn ass eng Käerz ugefaangen.


Deklaratioun vum Syvicol:

Fir en Europa mat oppene Grenzen

Europa huet dat zesummebruecht wat zesummegehéiert. Europa, dat ass en Zesummeschaffen an en Zesummeliewen. A kee soll d’Recht hunn, d’Leit an hir Liewensgewunnechten duerch Grenzen ze blockéieren.

Europa, dat sinn Honnerte vu gemeinsamen Aktiounen a Projeten déi op kommunalen, lokalem a regionalem Plang ëmgesat ginn. Europa, dat si Frëndschaften a Partnerschaften, déi wäit iwwert d’Grenze vun de jeeweilege Länner erausginn. Firwat soll all dat elo beim Kampf géint d’Verbreede vun engem Virus ausser Kraaft an domadder op d’Spill gesat ginn?

Reesen ouni Grenzkontrollen. Sech sécher fillen an een deem anere vertrauen. Europäer ze sinn bedeit zënter 75 Joer ouni Krich kënnen ze liewen. Mat ville Fräiheeten, Garantien a Rechter. All dat baséiert op wirtschaftlecher a politescher Stabilitéit. An op der Solidaritéit ënnerteneen. Wéi dat elo zënter Joerzéngten Usus ass ënner gudden Noperen.

Europa ass awer virun allem och en Europa vun de Bierger. Onofhängeg dovunner op si déi eng Säit oder déi aner Säit vun de Landesgrenze liewen. Europa ass och en Europa vun de Gemengen a vun de Stied. Well et ass do, wou d’Leit Doheem sinn a liewen.

Duerfir och dëse Message vun de Lëtzebuerger Gemengen a Stied zesumme mat sengem Daachverband, dem SYVICOL.

Europa soll bleiwe wat et ass. Eng staark Unioun!

Déi Unioun gëtt, wéi vill aner Liewensgemeinschafte weltwäit, zur Zäit vun engem Virus op d’Prouf gestallt, mee duerfir brécht se elo awer net auserneen. Well duerfir sinn all déi Verbindungen ze staark an d’Solidaritéit ze grouss.

Haut op dësem 9. Mee 2020, dem Europadag, genau 70 Joer nom Dag vum Robert Schuman senger Deklaratioun, halen déi Lëtzebuerger Gemengen zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch an aus Frankräich den Europäesche Gedanke ganz héich.

Mat engem staarke Message a mat engem symbolesche Geste gëtt den Europafändel eropgezunn.

An och aus Stolz op eng Liewensgemeinschaft déi esouvill ze bidden huet.

Duerfir: Fir en Europa mat oppene Grenzen. D’Bierger vum ale Kontinent kennen a wëlle keen anert Europa!