Actualité

Absichtserklärung De/Fr/Lux

​Ënnschrëft vun der Absichtserklärung

D'Gemengen aus der Groussregioun Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg wëllen an Zukunft méi enk zesummeschaffen.

Dofir hunn sech déi 12 Gemengen Opech (F), Contz-les-Bains (F), Duelem (L), Rettel (F), Rustroff (F), Sierck-les-Bains (F), Merzeg (D), Mettlach (D), Perl (D), Munneref (L), Réimech (L) a Schengen (L) den 9. Mee zu Schengen am Europamusee getraff an e gemeinsamt Dokument ënnerschriwwen.

Den Datum vum 9. Mee, deen och fir eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg e Feierdag war, war net zoufälleg gewielt: Den 9. Mee gedenkt d'EU nämlech der Schuman-Erklärung.

Nächst Schrëtter wieren elo d'Ausschaffe vun engem gemeinsame Logo, enger Internetpräsenz, Schüleraustausch- Programmer an eng vergréisstert Tourismusoffer déi iwwert d'Landesgrenzen eraus geet.

Mat der Absichterklärung striewen d'Memberen en Zesummewuesse vun der Regioun un an d'Virstellung vun engem vereenten Europa vermëttelen.