Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Fairtrade Brunch 2022

Fairtradebrunch zu Boermereng 🍌🥐☕
Iwwer 100 Leit hunn sech am Centre Maus Ketti rëmfonnt fir vum Brunch, organiséiert vum Fairtradegrupp vun der Gemeng Schengen ze profitéieren a bei de Stänn lokal Produiten ze kafen.
Dobäi konnten si och déi schéi Biller zum Thema Fairtrade gemoolt vun de Kanner vun der Maison Relais Schengen a vum Kreativen Atelier vun der Schoul Elweng bewonneren. D’Annexe Bech-Maacher vun der Maison Relais hunn sech iwwerdeems ëm d’Info- a Menuskäertecher bekëmmert an den C3 an C4 vun Elweng waren zoustänneg fir d’Entréesbännercher.
Back to top
Aller au contenu principal