Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

D’MS Marie-Astrid kënnt zréck op Schengen

Dat originaalt Schëff op deem am Joer 1985 d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwe ginn ass, wäert nees zréck op d’Musel kommen. Dat huet de Minister fir Tourismus a Mëttelstand, den Här Lex Delles zesumme mam Buergermeeschter vu Schengen, Michel Gloden, den Donneschdeg Moien (06.05.21) am Kader vun enger Pressekonferenz matgedeelt.

D’Schëff fiert aktuell als MS Regendburg iwwert d’Donau a soll no engem Ëmbau zu engem « Muséesschëff » am Joer 2025 zréck op Schengen komme wou en eegene Quai  fir déi al Marie-Astrid gebaut gëtt. D’Wanderausstellung wäert dann, wann d’Schëff net zu Schengen uläit, a ganz Europa ënnerwee sinn.

Back to top