Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Photos

Journée de Commémoration Nationale

De Schäfferot an d’Amicale vun den Enrôlés de Force soen deene sëllege Leit Merci, déi sech leschte Samschdeg zu Elweng zesumme fonnt hu fir den Affer vum 2. Weltkrich ze gedenke mat enger feierlecher Mass an dem Seene vum Monument.…

Infonomëtteg „Wëssen fir Muer“

Am Biodiversum huet den Infonomëtteg „Wëssen fir Muer“ stattfonnt. Am Ganzen hunn 11 Prestatairen un dësem Evenement deelgeholl an sech Zäit geholl, fir déi selleg Visiteuren iwwer hir jeeweileg Servicer ze informéieren an hinnen an enger angeneemer Atmosphär berodend zur…

Vernissage „Musel Rhapsodie“

Vernissage vun der Photoausstellung „Musel Rhapsodie“ op der « Prinzessin Marie-Astrid Europa ». D’Fotosausstellung vum Photo-Club Esch bleift bis Enn November zu Schengen. Eng flott Geleeënheet fir och de renovéierten Centre Européen Schengen ze besichen.

Vierliesung an der Spillschoul Bech-Macher

News aus eiser Bicherthéik Zesummen mam Christiane Kremer an den Enseignanten aus dem Cycle 1 vun der Schoul Bech-Macher, huet d’Bicherthéik gescht eng flott Vierliesung organiséiert. D’Kanner hun interesséiert der Geschicht vum Geescht Gubi nogelauschtert an kruuten als Cadeau nach…

Lies Gemengewéngert

D’Gemengepersonal war zesumme mat eisem Gemengerot an dem Schäfferot vun der Stad Esch an de Gemengewéngert an d’Lies. Bei beschtem Wieder an excellenten Drauwen hu si zesummen e puer flott Stonne verbruecht Mir wënschen alle Wënzer weiderhin eng gutt Lies

Feier fir Jubiläen

Fir déi 90 a 95 Gebuertsdeeg an d’Jubiläe vun de Gëllenen-, Eisenen- an Diamantenhochzäiten vun eise Bierger ze feieren huet de Schäfferot si haut op en Iessen am Chalet invitéiert. Et huet eis gefreet dass esou vill Leit deelgeholl hunn.

Schwéidsbenger Wäifescht

Andréck vun der 73. Editioun vum Schwéidsbenger Wäifescht Dëst Joer hat d’Madame Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, d’Éier de Buer unzezapen an hiren eegenen Drauwestack an de Ministeschwéngert ze setzen

Nei Spillplaz zu Elweng

Déi nei Spillplaz « Bounebierg » zu Elweng gouf viru kuerzem offiziell ageweit – eng flott Plaz fir kleng a grouss Kanner fir sech auszetoben, ze entdecken an zesummen ze spillen Weider Fotoen an Detailer zu der Spillplaz Bounebierg an all deenen…

Infokonferenz – Stroumspueren 8/7/2025

Informatiounsowend vun der Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Schengen. Hei d’Presentatioun vum Olivier Martin vum Energiepark Réiden iwwer Stroumnetzkäschten, Stroumdeelen a weider Energiefroen: Presentatioun - Stroumspueren
Back to top