Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Aktioun Sünnenhaus

Aktioun Sünnenhaus 🇺🇦
Zesumme mat iech schafe mir een neit Doheem fir eng Flüchtlingsfamill!
D’Sünnenhaus an der Rue des Caves zu Bech-Maacher soll mat ärer Hëllef komplett renovéiert ginn an 1-2 Flüchtlingsfamilljen en neit Doheem bidden.
All Hëllef ass wëllkomm!
Fir d’Opbotzen an den Opbau vu Miwwelen de Samschden 14. Mee 2022 um 8:00 (- 10:00, Botzen; 10:00 – 12:00, Opbau) géinge mir eis iwwert déi eng oder aner Hand déi mat upéckt freeën. 🔨
Botzmaterial gëtt gestallt.
Wann dir eis wëllt hëllefe bei dëser Aarbecht fir de gudden Zweck, da mellt iech séier bei eis un (gitt w.e.g. un, ob Dir fir d’Botzen oder den Opbau kommt):
📧 secretariat@schengen.lu
Mir mellen eis an deenen nächsten Deeg fir déi ugebuede Miwwel a Saache sichen ze kommen!
Back to top
Skip to content