Actualité

UNICEF "Porte-à-Porte" Campagne

D’UNICEF mécht dës Woch eng "Porte à Porte" Campagne an der Gemeng Schengen.

Bei dëser Campagne ginn d'Ekippen bei d’Leit heem schellen, fir si iwwert d’Aarbecht vun UNICEF ze informéieren a fir hinnen d’Geleegenheet ze ginn sech anzeschreiwe fir reegelméissegen Donateure vun eiser Organisatioun ze ginn, an dat iwwert de Wee vun enger Inscriptioun iwwer iPad.

D'Leit vun UNICEF si vum 09.07. bis de 14.07.2018 an der Gemeng ënnerwee. Si kënnen sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder mam UNICEF Numm a Logo un.