Actualité

Vandalismus um Baggerweier

​De Sonndeg (5. August 2018) hu Jugendlecher en Deel vun der opblosbarer Waasser-Spillplaz lassgerappt a sinn domat an d'Mëtt vum Weier geschwommen.

D'Waasserspillplaz huet dowéinst missten elo zougemaach an ofgebaut ginn.

Dee selwechten Owend huet eng Grupp Jonker d'Schlass vum Rettungsboot opgebrach a sinn um Waasser gefuer.