Actualité

Opgepasst op den Eichen-Prozessionsspinner!

​Opgepasst!

Op direkt e puer Plazen an der Gemeng sinn déi gëfteg Eichen-Prezessionspinner gesi ginn, där hir Härercher schlëmm Allergien a Verbrennunge beim Mënsch an Déier ausléise kënnen! Déi Raupe sinn exklusiv op Eechen ze fannen.

 

Wat kann ee maachen?

Hutt Dir dës Zort bei Iech op engem Privatstéck entdeckt, kënnt Dir folgend Firmen uruffen:

Gesitt Dir d'Raupen un der Strooss, mellt et w.e.g. beim Ponts et Chaussées.

Wann Dir dës Raupe soss iergendwou an der Gemeng gesitt, rufft w.e.g. bei der Gemeng un.

 

Plaze wou d'Raupen an der Gemeng gesi gi sinn:

  • Um Camping zu Schwéidsbeng
  • Zu Elweng bei der Kierch a bei der Schoul
  • Um Spadséierwee (parallel zur Autobunn) tëscht Elweng a Boermereng