Actualité

Faitrade-Projet an de Maison Relaisen

Den Ament organiséieren d'Maison Relaisen an der Gemeng Schengen Aktivitéiten a maache beim Projet "Fairtrade" mat. De But ass et d'Kanner an hir Famillje fir d'Fairtrade Produiten ze sensibiliséieren.

Mir waren an der Maison Relais zu Elweng bei esou enger Aktivitéit mat dobäi. Hei gouf an engem Video erkläert wéi d'Fairtrade-Banann ugeplanzt gëtt an op Lëtzebuerg kënnt an et gouf driwwer opgekläert wéi eng Produiten nach alles de Fairtrade-Logo drop hunn.

Um Enn duerften d'Kanner du Produite wéi Jus oder Schockelasbotter schmaachen.