Actualité

Eng Hotelsschoul am Schengener Schlass

En Hotel als Chance fir Leit ouni Aarbecht

Am Schengen Musée gouf e Mëttwoch de Mueren en neie Projet presentéiert, deen op der enger Säit de Standuert Schengen besser valoriséiere wëllt an op där anerer Säit e sozialen Aspekt huet. Dofir soll d'Schengener Schlass opkaaft an zu engem qualitativ héichwäertegen Hotel ausgebaut ginn.

Donieft sollen an dësem Hotel Leit ouni Aarbecht am Hotel- a Gastronomieberäich forméiert ginn. De franséische Spëtzekach Thierry Marx, dee scho vill aner ähnlech Projete leet, soll dësen Ausbildungsprojet begleeden.

An deem Sënn géif hei vill Wäert op kuerz a praxisorientéiert Formatioune geluecht ginn, fir d'Leit duerno erëm an den Aarbechtsmaart ze integréieren. (Text: www.eldo.lu)