La Maison des Jeunes

Ëffnungszäiten:
  • Dënschdes bis Donneschdes a Samschdes: 13 bis 18 Auer
  • Freides: 13 bis 20 Auer
  • (Samschdes kënnen d‘Auerzäite variéiere wéinst geplangten Aktivitéiten)

Eis regelméisseg geplangten Aktivitéiten:
All Mëttwoch gëtt Sport am Jugendhaus ugebueden, wéi z.B. liichte Gymnastik, Yoga, Pilates a Muskelopbau-Übungen. Am Jugendhaus stelle mir Matten an d’Material fir d’Übungen zur Verfügung, mee et kann een och seng eege Matt matbréngen.
All Donneschdeg ass ab 16 Auer Muppe-Club. An dëser Aktivitéit léieren déi Jonk alles, wat een iwwer Muppe muss wëssen, a wéi ee mat hinne kann ëmgoen fir e schéint Zesummenliewen ze gestalten. All Kéiers gëtt een anert Thema behandelt bei deem een och en
Handout matkritt. Nieft der Theorie ginn och Praxisübunge mam Alice, eisem Hond, an déirengestützter Pädagogik gemaach, déi bei besserem Wieder och dobausse stattfannen.
All Freideg gëtt gekacht. Hei kënnen déi Jonk gär mat entscheeden, wat freides soll gekacht ginn. Si sollen all Aufgaben, déi zum Kache gehéiere mat ëmsetzen.
Dobäi ass ee wichtegt Ziel, dass déi Jugendlech léieren, wéi se séier a gesond kënne kachen a wéi ee sech beim Kache muss organiséieren. Niewebäi léiere si och, wéi vill et kascht, wann ee selwer a mat frësche Liewensmëttel kacht.

D'Jugendhaus Jugendwave zu Réimech bitt un:
  • Kiche mat Bistro, wou Kachaktivitéite stattfannen an déi Jonk sech eppes z'iessen oder ze drénke kafe kënnen
  • E Raum mat allméigleche Spiller: Darts, Billard
  • Kicker, Fernseh mat enger Playstation
  • Gesellschaftsspiller
  • Eng Leinwand fir Filmer ze kucken
  • En Eck mat Couchen
  • E Lies- a Computerraum, wou och Informatioun a Präventioun stattfanne wäert. Dëse Raum gëtt déi nächst Woche fäerdeg gemaach.
  • Et kënnt och eng Bibliothéik dohin, déi mol vun Nëtze ka si bei Hausaufgaben an Exposéen
  • E Motorik-Raum mat engem grousse Spigel, wou sportlech Aktivitéiten ugebuede ginn. Dëse Raum kann och als Danzsall genotzt ginn
  • E voll équipéierte Proufsall, wou och ënnerschiddlech Coursen ugebuede ginn

Weider Infoe fannt Dir op Facebook: Jugendwave

macommune.lu
Aller plus loin

Contacts

Jugendhaus Babylonia

Jugendhaus Babylonia

Activité(s) :


Fax : 26 66 45 87

Documents

© Administration Communale de Schengen