AFFICHONS L’ÉGALITÉ
D’Gemeng Schengen mécht mat bei der Aktioun „Les rues au féminin“, déi zesumme mam Conseil National des Femmes au Luxembourg an dem Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises organiséiert gëtt.
D’Zil ass et de Frae méi Visibilitéit ze ginn an sou dorop hinzeschaffen d’Gläichstellung vu Fra a Mann ze garantéieren.
Säit dem 8. an nach bis den 31. Mäerz ginn 9 Stroossen an eiser Gemeng no Frae benannt, déi Bedeitendes geleescht hunn an doduerch e wichtegen Deel vun der Geschicht sinn, deen net soll vergiess ginn.
Dës wichteg weiblech Perséinlechkeete goufen dëst Joer vun eiser Kulturkommissioun eraus gesicht.
Wat elo symbolesch ass, soll an Zukunft Deel vun der Norm ginn.
